Erliefnis Baggerweier
Entdeckt Rëmerscher Baggerweieren, dat perfekt Ausfluchzil fir déi ganz Famill an Naturbegeeschtert. Op enger Fläch vun 25 Hektar invitéieren déi idyllesch Baggerweieren am Fréijoer an am Summer fir ze schwammen oder ze spadséieren.
Hondsfrënn opgepasst: Et gëtt souguer en spezielle Beräich fir Muppen, wou ären Véierbeener häerzlech wëllkomm ass! Fir e wäertvollt Fräizäitprogramm sti Stand-up-Paddle-Boards an Rudderbooter zur Verfügung, déi dir op der Plaz ausléinen kënnt. Fir ären Appetit ass och gesuergt: Erfrëschend Gedrénks an lecker Snacks kënnt dir direkt um Baggerweier kafen.
Maacht iech op de Wee zu de Rëmerscher Baggerweieren an genéisst onvergiesslech Momenter an der Mëtt vun der flotter Naturkuliss!
Offiziell Websäit: https://www.baggerweier.lu/
Online Tickets: Hei bestellen
Ëffnungszäiten:
Méindes bis Fréides | 10:00 – 18:00 |
Samschdes an Sonndes | 10:00 – 19:30 |