Gaming Day 2023 – Schëffleng

Déi zweet Editioun vum Gaming Day fënnt dëst Joer den 15. Abrëll an der Hall Polyvalent zu Schëffleng statt. Dëst Event ass eng Zesummenaarbecht tëschent der Gemeng Schëffleng, der Luxembourg Esports Federation (LESF), RelyOn Esports, Team Lëtzebuerg, Social Gaming Luxembourg an villen méi.

📅 15. Abrëll 2022
📍 Rue Denis Netgen, 3858 Schifflange, Luxemburg (Hall Polyvalent)
🎫 Gratis Entrée
🍔 Iessen an Gedrénks sur-place

Gratis Aschreiwungen fir déi folgend Esports Turnéieren:
🚗 Mario Kart Turnéier organiséiert vun Team Lëtzebuerg
⚔️ Teamfight Tactics Turnéier organiséiert vun RelyOn Esports
⚽ FIFA 22 Turnéier organiséiert vun der LESF
ℹ️ Bei den 3 Turnéieren gëtt et jeeweils een Präisgeld vun 175€ an Form vun Bongen.

Niewent den Esports Turnéieren hunn mer natierlech och een normalen Gaming Programm:
🎲 Board Games zesummen mat Social Gaming Luxembourg
🎮 Free-Play Statiounen
🕹️ Retro Gaming
🥊 Tekken 7 mat der Tekken Community of Luxembourg
🏅 Challenges
🔜 An villes méi