No Debatt: Lidd „Layla“ gëtt elo jugendfräi

D’Lidd war warscheinlech ze schmuddeleg fir Kanner.

Keen anert Lidd gëtt esou vill diskutéiert wéi den neie Ballermann-Hit „Layla“. Den DJ Robin an den Schulze hunn en neit Partylidd op de Maart bruecht, dee just fir de Summer passt an invitéiert richteg ze feieren. Mä den Text ass guer net Jugendfrëndlech, wéi vill Leit kritiséieren. D’Lidd gouf schonn op villen Platzen verbueden, wat fir vill Opreegung gesuergt huet.

Awer trotz dësem Verbuet kënnen d'“Layla“ Fans net anescht, wéi wëll op d’Lidd ofzegoen. Wéi Dir a ville Videoen um Internet gesitt, sinn d’Kanner vu ville Fans och begeeschtert an danzen och gär bei dem Lidd mat. Dat ass natierlech och erëm problematesch, fënnt den Ikke Hüftgold: „Mir gesinn, datt et OCH nach eng aner Versioun vum Lidd muss ginn. Mir wëssen, datt och kleng Kanner Lidd ‚Layla‘ lauschteren. Dofir muss et OCH eng Kannerversioun ginn.“

Deemno huet de Produzent eng kannerfrëndlech Variant vum Lidd geschriwwen, déi och ouni Problemer mat der Famill nogelauschtert kann ginn. „Ich hab nen Wuff.. und die Hundemama, die heisst Layla“, soll d’Lidd vun elo un heeschen. Maach der awer keng Suergen – d’Original Lidd wäert natierlech weider existéieren, dat huet de Produzent bestätegt: „D’Original Song wäert weider existéieren. Mir wäerten en definitiv NET ëmschreiwen! Dat wier fatal.“