Liewensgeféierlech: Groussen Glacen Réckruff


D’Glace soll een mutagen Substanz enthalen

© www.haagen-dazs.de

Mat den héijen Temperaturen an Lëtzebuerg ass et bal onméiglech op Glace ze verzichten. Awer d’Konsumenten musse virsiichteg sinn, well eng populär Glacemark Produkter aus hirem Sortiment zréckrifft.

Bei den Produkter handelt et sech em Glacenmark Häagen-Dazs, déi liewensgeféierlech Substanzen enthalen soll. D’Zort „Vanilla“ am 460 ml an am 95 ml Pack gëtt zréckgeruff, sou wéi d'“Classic Collection“ mat engem Mindesthaltbarkeitsdatum bis den 21.5.2023.

© Instagram

D’Substanz Ethylenoxid gouf an den betreffenden Produkter festgestallt, wéi „Produktwarnungen.eu“ matgedeelt huet. Ethylenoxid ass e Planzeschutz- a Vergasungsmëttel dee benotzt gëtt fir Bakterien a Pilze ze bekämpfen. Dës Substanz ass an der Liewensmëttelproduktioun an Europa verbueden, awer et gëtt munchmol an den USA benotzt. Deementspriechend ass et och den US Hiersteller General Mills, deen d’Produkter zréckrifft.

Ethylenoxid ass dofir bekannt, genetesch Material z’änneren a Kriibs ze verursaachen. Deementspriechend liewensgeféierlech ass de Konsum vun den ernimmten Zorten vum Glacehiersteller . Jiddereen, deen e betraffene Pak kaaft huet, kann et einfach un en Händler zréckginn an e Remboursement vum Verkafspräis kréien. Aner Häagen-Dazs Produkter sinn net betraff, sot d’Firma.