Warnung virun der Installatioun: Malware verkleed als Google Update

Konsumenten gi gewarnt vun engem neiem Bedruch.

Et gëtt momentan eng Warnung iwwer Malware déi iwwer e bestëmmte Browser op de Computer kommen kann. Et verkleet sech als en harmlos Google Update a ka fir Erpressung benotzt ginn.

Aktualiséierunge sollen ëmmer vun der offizieller Quelle benotzt ginn. Soss hutt dir een héije Risiko fir Är Apparater, dat et sech mat Malware infizéieren kann. D’Software, déi de Moment gewarnt gëtt, heescht HavanaCrypt. Se verbreet sech duerch den Tor Browser, dee gestart gouf fir anonym um Internet ze surfen.

HavanaCrypt benotzt Microsoft Webhosting als Command-and-Control-Server a kann dofir op de PC kommen, ouni dass Antivirus Programmer en Alarm mëllen. Éischt Indikatiounen weisen, datt d’Malware, déi als Google Update getarnt ass, als sougenannte Ransomware déngen soll.

Als Resultat kënne wichteg Donnéeën um Smartphone oder Computer op eemol verschlësselt ginn. Wann de Benotzer Zougang zu sengen Donnéeën erëm kréien wëll, gëtt hie gefrot fir een Léisegeld ze bezuelen. Meeschtens soll dëst a Form vu Crypto-Wärungen gemaach ginn. Dofir sollten d’Konsumenten oppassen, wou Updates hierkommen an och kontrolléieren wat installéiert gëtt.