iOS 16: Neien Update bréngt super nei Features


Schonn elo kann een schonn en éischte Bléck op den iPhone Update huelen.

Bal e Joer ass vergaangen zënter Apple en neien iOS Update verëffentlecht huet. iOS 16 erwaart eis dësen Hierscht, vun deem schonn eng drëtt Entwéckler-Beta-Versioun existéiert. „iOS 16 ass een groussen Release mat Updates, déi d’iPhone Erfarung veränneren,“ sot den Hiersteller.

Wann Dir wierklech couragéiert sidd, kënnt Dir schonn d’Entwéckler Beta Versioun eroflueden, awer déi ëffentlech Beta-Versioun sollt schonn an enger Woch nokommen. De Rescht kann sech op den neien Update am Hierscht freeën, dee vill cool Features enthalen soll.

Ënnert anerem soll et d’Méiglechkeet ginn, de Sperrbildschierm ze personaliséieren. Also sollt Dir fäeg sinn Widgets, Zäit an Datum a Fotomotive mat Déifteffekter an d’Bild ze setzen. Donieft sollen och Live-Aktivitéite ugewisen ginn, wéi zum Beispill e Fussballsmatch oder eng Iessliwwerung.

Et soll och vill méi einfach ginn fir Famillen Fotoen zesummen ze deelen. Wärend vill op WhatsApp Gruppen vertraut hunn fir hir Fotoen dohinner ze schécken, wäert iCloud elo d’Deelen an der Fotobibliothéik méi einfach maachen. D’Participanten an enger Famill sollen hir Fotoen einfach eropluede kënnen, déi mat bis zu sechs Familljemembere gedeelt kënne ginn.

D’Mail App kritt eng grouss Verännerung D’App gëtt vill méi komfortabel gemaach, sou datt Dir zum Beispill E-Mailen am Viraus plangen oder souguer Messagen e puer Sekonnen nodeems se geschéckt gi sinn, zréckruffen kënnt.