Warnung un all WhatsApp Benotzer: Neie Scam ass am Ëmlaf

Fält een op d’Krimineller eran, kann et deier ginn.

WhatsApp ass ee vun de populäersten Messenger Servicer op der Welt mat Millioune Benotzer. D’Virdeeler fir Biller oder Videoe bal gläichzäiteg aus de meeschte Plazen op der Welt ze schécken, vergiessen séier d’Geforen, déi esou e populär Medium mat sech bréngt.

Onéierlecher hunn dëst alles scho laang fir sech entdeckt an e bal endlosen Maart vu Benotzer kann an hir Fal falen. E ganz neie Bedruch ass elo bekannt ginn, virun deem dréngend gewarnt gëtt.

D’Scammers sammelen als éischt all Informatioun iwwer eng Firma. Wien ass de Chef? Wien ass berechtegt fir Bezuelungen a Banken? Dës Informatioun ass einfach ze kréien iwwer Dateleaks oder einfach iwwer d’Firma Presentatioun um Internet. Hei weisen d’Krimineller eng erstaunlech Diligence, fir sech dann als Superieure virzegoen. De vermeintleche „Chef“ schreift op eemol e Message fir eng Bezuelung ze froen. Deelweis mat enger ugehaangener Rechnung. Déi gëtt, well vum „Chef“, natierlech direkt iwwerweisen – an d’Suen sinn fort.

An dësem Fall muss d’Bank direkt informéiert ginn; et kann nach méiglech sinn d’Bezuelung zréckzekréien. Ausserdeem sollt Dir all Fall mellen – d’Chancen fir d’Krimineller ze fannen ginn mat all Informatioun erop. Dem „mimikama“ no soll een allgemeng beim Patron oder dem Supervisor nofroen an déi betraffe Persoun op aner Manéier kontaktéieren, zum Beispill iwwer Uruff, fir d’Bezuelungsuerdnung z’iwwerpréiwen.