Opgepasst: NASA sicht Hëllef fir eng einfach Aufgab

Jidderee kann einfach matmaachen.

3D render of a surreal Mars style landscape

Fir all Weltraumfans geet een klengen Dram an Erfëllung. D’NASA sicht de Moment no Fräiwëlleger fir hinnen ze hëllefen de Mars z’entdecken. De roude Planéit gëtt de Moment vu verschiddene Rovers a Sonden studéiert, awer d’Donnéeë musse vun de Wëssenschaftler ausgelies an interpretéiert ginn.

An dat ass wou d’NASA Hëllef vu begeeschterte Fans brauch. D’Wëssenschaftler studéieren de Moment d’Atmosphär vum Mars a froe sech firwat se sou vill méi dënn ass wéi d’Äerd. Spueren vum Waasser um Mars weisen zwar drop hin, datt dat net ëmmer de Fall war – viru ville Joeren hätt d’Atmosphär méi déck gewiescht.

Deementspriechend huet d’NASA d’Campagne „Cloudspotting on Mars“ lancéiert, déi als Zil huet d’Geschicht vum Mars ze entdecken: „Duerch Verständnis wou a wéi dës Wolleke optrieden, hoffen d’Wëssenschaftler d’Struktur vun der Marsatmosphäre ze verstoen, déi ongeféier 50 bis 80 Kilometer héich ass, besser ze verstoen.

Jiddereen kann un dëser Aktioun deelhuelen, egal, wou een sech op der Welt befënnt. Alles wat Dir braucht ass e funktionnéierende PC an domat kënnt Dir hëlefen d’Donnéeën vum Mars Reconnaissance Orbiter (MRO) ze evaluéieren. Dir kënnt Iech op dëser Säit fir Iech aschreiwen.