„Black Panther 2“: iwwerraschenden Leak verréit éischt Detailer

Éischt Biller weisen en neie Charakter.

Marvel huet aktuell een Hit nom aneren verëffentlecht, awer op ee Film kann een sech besonnesch freeën. „Black Panther 2“ soll spéider dëst Joer an de Kino kommen, awer elo ginn et fir d’éischte Kéier spannend Detailer iwwer den neie Film. „Black Panther: Wakanda Forever“ wäert definitiv ëm den trageschen Doud vum Haaptschauspiller Chadwick Boseman goen, dee u Kriibs am Alter vun 43 gestuerwen ass.

Trotzdeem soll d’Legend vum „Black Panther“ weidergefouert ginn. Wéi e Leak verréit, kënne mir ënner anerem den Schauspiller Tenoch Huerta um Écran bewonneren. Den Narcos: Mexico Duersteller spillt de Charakter Namor, de Kinnek vun Atlantis. Marvel Fans wollte scho laang de Charakter um Ecran gesinn nodeems hien an engem Easter Egg am Iron Man 2 ernimmt gouf. Am Film gouf déi mysteriéis Stad Atlantis am Atlanteschen Ozean lokaliséiert, mä mir wäerte warscheinlech méi iwwer d’Stad am neien „Black Panther“ Deel gewuer ginn.

Et gëtt och en éischt Bild vum Namor, de Kinnek vun der gesonkener Stad. Eng Zeechnung vum Schauspiller gouf op Twitter gepost, déi bei den Fans gutt ukomm ass. Tatsächlech huet de Charakter och erstaunlech Kräfte – et gëtt gesot datt hien iwwermënschlech Kraaft, extrem Geschwindegkeet an aussergewéinlech Reflexer huet. Zousätzlech kann hien sech séier heelen an natierlech ouni Probleemer ënner Waasser liewen.

D’Fans mussen sech net méi gedëllegen fir den „Black Panther: Wakanda Forever“ an den Kinos ze gesinn. De Film soll den 9. November 2022 bei eis zu Lëtzebuerg am Kino starten. Den Trailer misst och drop an drun sinn. Link Kinepolis