Déi 10 peinlechst Hollywood Filmfeeler

D’Misadventuren vun de Filmemacher sinn schwéier ze iwwersinn.

Och an High-End Produktiounen fir Millioune Dollar kënnen sech Feeler aschleichen. Wahrscheinlech sinn d’Cineaster sou beschäftegt mat den onheemlechsten Tricken a Stunts, datt se déi einfachst Saache iwwersinn.

Hei sinn déi 10 peinlechst Feeler, déi eis zum staunen an schmunzeln brengen:

1. Django Unchained

Sony Picture

Dem Quentin Tarantino säi Western, deen 2012 erauskomm ass, war net nëmmen e bewonnert Wierk, et war och erstaunlech. Hei gesäit een den Jamie Foxx am Joer 1858 mat engem Sonnebrëlle, déi eréischt am 20. Joerhonnert hiergestallt goufen.

2. Twilight – Biss zum Morgengrauen

An der Vampirromance, déi am Joer 2008 verëffentlecht gouf, gesäit een den Kristen Stewart een Pickup fueren. An der Fënster vum Pickup gesäit een de Boompol an der Reflexioun. D’Filmcrew muss de falsche Wénkel gewielt hunn.

3. James Bond – Ein Quantum Trost

Hei gesitt Dir am Hannergrond vun der Haaptfigur, gespillt vum Daniel Craig, en Statist, deen nëmme mécht wéi wann hien de Buedem kiert.

4. Troja

Am Film Troja aus dem Joer 2004 gesäit een iwwer dem Achilles, gespillt vum Brad Pitt, een modernen Fliger duerch d’antikt Griicheland fléien.

5. Titanic

De villfachen Präis-Gewënner Film aus 1997 weist een Logik Feeler op. En Dialog, tëscht dem „Rose“, der Haaptfigur, an engem anere Passagéier gëtt e Wierk vum Sigmund Freud mam Numm Beyond the Pleasure Principle ernimmt. Leider gouf et eréischt 1920 publizéiert. Allerdéngs ass d’Titanic 1912 ënnergaangen.

6. Der Herr der Ringe – Die Gefährten

Dem Peter Jackson säi Mega-Epos spillt am drëtten Zäitalter an Mëtteläerd. Deemools sinn d’Leit zu Fouss oder mat Päerd gereest. Et war net ze gleewen dass een Auto am Hannergrond duerch „Aueland“ gefuer ass. Den Jackson huet dunn d’Zeen fir d’DVD Versioun editéiert a retuschéiert.

7. Indiana Jones – Jäger des verlorenen Schatzes

Wéi de berüümten Archeolog sech an der Zeen selwer een Patt gënnt, gesäit een am Hannergrond e jonke Mann an engem T-Shirt an Jeans. Näischt, wat iwwerhaapt an 1930er Joren passt.

8. Avatar – Aufbruch nach Pandora

Avatar gouf 2008 verëffentlecht; ee vun de Filmer an der Geschicht mat dem héchste Gewënn. De Regisseur James Cameron weist Kreaturen, déi am Verglach zu de Mënschen ongeféier dräi Meter grouss solle sinn. Am Zesummenhang mat enger Sektioun mat enger mënschlecher Hand ass dat awer guer net kloer.

9. Harry Potter und die Kammer des Schreckens

Dëse klassesche Film mécht och e klassesche Feeler. Op der Foto gesäit een net nëmmen de Hannerkapp vum Draco Malfoy, mee och eng Kamera mam Kameramann lénks.

10. Fluch der Karibik

2003 huet den Johnny Depp, alias „Captain Jack Sparrow“, eis mat all Zorte vu Piraten Abenteuer begeeschtert. An enger Zeen sinn awer net nëmmen couragéiert Piraten ze gesinn, mee och een deen e Cowboyshutt unhuet an selbstverständlech Deel vun der Filmcrew ass.