Universal Studios mescht een Super Nintendo World Themepark am Joer 2023 op

Den 15. November 2021 hunn mer iwwer déi éischt Super Nintento World zu Osaka geschriwwen.

Opgepasst elo kënnen Kanner vun den 80er an 90er Joren och geschwënn an den USA an d’Welt zréck vum Super Mario, Luigi a Co dauchen – an dat wei zu Osaka am richtege Liewen. Well Universal Studios zu Hollywood hunn viru kuerzem verroden datt si hiren eegene Super Nintendo Themepark a Kalifornien am Joer 2023 opmaachen.

Laut den LA Times baséiert den Themepark „Super Nintendo World“ op der Partnerschaft tëscht Universal an der Videospillfirma Nintendo, déi zënter 2016 existéiert. Et ginn Fuergeschäfter, en interaktive Beräich mat Szenen aus de Super Mario Spiller, an thematesch Shopping- an Iessberäicher.

D’Aarbechten um Themepark hunn am Joer 2019 ugefaange. Wéi grouss d’Super Nintendo World wäert sinn ass nach ëmmer onkloer. Fans hoffen sécher op Attraktiounen änlech wéi déi a Japan . Well do war d’Super Nintendo World d’lescht Joer opgemaach ginn. Hei kommt dir zum Beitrag: Super Nintendo Osaka.

Fir méi Informatiounen kënnt dir op den Offiziellen Site goen: https://super-nintendo-world.usj.co.jp/