Pirates of the Caribbean Retour? Den Johnny Depp äussert sech iwwer $ 301 Millioune Rumeuren

Wäert den 59-Joer-ale rëm seng Roll als Kapitän Jack Sparrow iwwerhuelen?

Et ass de gréisste Wonsch vun de Fans: Den Hollywoodstar Johnny Depp soll zréck un de Set vun „Pirates of the Caribbean“ zréckkommen. Nodeems den 59-Joer alen den Prozess géint seng Ex-Fra Amber Heard gewonnen huet, koum nees d’Diskussioun op, ob hien net zréck an d’Roll vum berüümte Captain Jack Sparrow sollt rutschen.

No den schlëmmen Mëssbrauchuschëllegungen, déi Heard géint den Depp erhuewen huet, beendegt Disney Zesummenaarbecht mam Schauspiller. Wärend der Geriichtshéierung gouf opgedeckt datt den Johnny onschëlleg war an d’Amber fir d’Gewalt an der Bezéiung verantwortlech war.

Den Depp huet och gesot, datt no alles wat geschitt ass, hie emol net fir $300 Milliounen an enger Millioun Alpakae zum Franchise géif zréckkommen. Elo koum d’Rumeur op, datt den Depp d’Entscheedung géif iwwerdenken, wann d’Zomm méi héich wier. De Schauspiller huet sech zu den d’Spekulatiounen geäussert an verkënnegt enttäuschend Neiegkeeten .

E Vetrieder vum Hollywood Star huet an Numm vun him géigeniwwer E!Online iwwer een potenziellen Comeback geschwat. Deementspriechend sinn d’Rumeuren datt den Depp mat Disney iwwer säi Retour géif verhandelen, falsch. Awer d’Fans kënnen sech op aner nei Projete vum Superstar freeën. Den Depp ass den Ament mam Museker Jeff Beck duerch Europa op Tour. Am nächste Joer wäert hien och erëm mat den „Hollywood Vampires“ op der Bün stoen an op der Leinwand rutscht hien an d’Roll vum Kinnek Louis XV.