Grujelegen Amazon Feature: Dout Leit schwätzen duerch Alexa


D’Firma stellt eng speziell nei Funktioun fir.

Amazon huet viru kuerzem eng ganz speziell Funktioun agefouert. Op enger Konferenz iwwer kënschtlech Intelligenz a Machinelearning huet d’Firma d’Méiglechkeet presentéiert, déi Doudeg duerch Alexa erëm an d’Liewen ze bréngen.

D’kënschtlech Intelligenz soll zum Beispill d’Stëmm vun doudege Familljememberen imitéieren. Um Event gouf demonstréiert, wei Alexa engem Jong mat der Stëmm vun der verstuerwener Groussmamm eng Geschicht virgelies huet. D’Imitatioun gëtt aus enger Stëmmopnam vun enger Minutt generéiert. Dëst ass e komplexe Prozess.

„Dëst erfuerdert Erfindungen, déi eis erfuerdert hunn ze léieren, wéi mir eng héichqualitativ Stëmm a manner wéi enger Minutt Opnamzäit produzéieren, am Géigesaz zu Stonnen Opnam am Studio“, sot de Rohit Prasad, Amazon Vize-Chef vun Alexa.

Déi nei Technologie soll d’Méiglechkeet bidden, de Verstuerwene dach nach um Liewen ze halen. „KI kann d‘ Péng vum Verloscht net ewechhuelen,awer si kann Erënnerungen op alle Fall verlängeren,“ sot den Prasad. „Mir liewen ouni Zweiwel am gëllenen Zäitalter vun der KI, wou eis Dreem a Science Fiction Realitéit ginn.“ Amazon huet nach net verroden wéini déi nei Funktioun verfügbar ass.