McDonald’s: Fuerscher maachen eng eekleg Entdeckung


Eng onangemehm Entdeckung gouf an de Restaurante vun der Fast-food-Chaîne gemaach.

McDonald’s ass eng vun de populäersten Fast-food-Chaîne op der Welt. De Menü bitt eng grouss Auswiel an et ginn eleng 12 Stéck bei eis am Land. Allerdéngs hunn d’Fuerscher eng onangeneem Entdeckung an de Restauranten gemaach.

Bei McDonald’s ginn et elo Touchscreens déi benotzt kënne ginn fir eng Bestellung op ze ginn. Déi brittesch Zeitung „Metro“ an e puer Biologen vun der London Metropolitan University hunn déi betraffe Geräter méi no ënnert Lupp geholl. D’Touchscreens an aacht Filialen zu London a Birmingham goufen iwwerpréift.

D’Resultat weist datt sech béis Fäkalbakterien op all Touchscreens tummeln. E puer vun dëse ginn als héich ustiechend ugesinn. Zum Beispill gouf Listeria fonnt,déi bei enger Infektioun Féiwer, Muskelpéng, Erbriechen an Duerchfall verursaachen. Dobäi koume Proteus-Bakterien, déi a Mënschlechen an Déierlech Fäkalen fonnt ginn.

McDonald’s huet schonn een Statement an der Zeitung „Metro“ ofginn. D’Firma huet drop higewisen datt d’Touchscreens ganz dacks benotzt ginn an datt an all Filiale eng Sanitäranlagen do ass fir d’Hänn grëndlech ze wäschen ier se d’Iessen beréieren.