Endlech Rettung? Netflix soll Konkurrenten opkafen

D’Zuelen vum Streaming Provider hunn zënter kuerzem zimmlech schlecht ausgesinn.

D’Saache waren net besonnesch roseg fir Netflix an de leschte Méint – net nëmmen hu se vill Cliente verluer, awer hir Konkurrenten schéngen mat groussen Schrëtt opzehuelen. Awer dëse Mount kéint et mam Streaming-Provider nees biergop goen – net nëmmen déi véiert Saison vun der sensationeller Serie „Stranger Things“ ass e komplette Succès, d’Firma schéngt och e Konkurrent wëllen  ze kafen.

Mat der Absicht e Konkurrent ze kafen, konnt de Streamingprovider zwou Mécken mat enger Klapp schloen. De Konkurrent ass nämlech Roku, en amerikanesche Streamingdéngscht. Seng Aktien si kierzlech zesummegeklappt, sou datt se ongeféier 50% vun hirem Wäert verluer hunn.

Roku

Laut enger Rumeur, datt sech laut Magazin „Insider“ bei Roku selwer d’Ronn mécht, soll Netflix d’Geleeënheet notzen an zouschloen – wat duerchaus Sënn mécht, wéi en Investitiounsbanker dem „Insider“ verroden huet.

„Et mécht Sënn, wann een Bedenkt, wou Netflix wëll higoen,“ seet hien. „An et mécht Sënn an dësem aktuellen Ëmfeld. Jidderee kuckt ronderëm an denkt: ‚Ech war d’lescht Joer duebel sou vill wäert. Wat ass geschitt?'“ De Roku ass schonn an ad-baséiert Streaming-Offfer gesprongen – dat, wat Netflix och probéieren well. Si géifen also net nëmmen d’Konkurrenz eliminéieren, mee och Abléck an dëse Prozess kréien.