Schockstudie weist wéi schiedlech Coca-Cola Light wierklech ass
De Konsum vun dësem Softdrink kann eescht Konsequenzen hunn.

Wien op Zocker verzichten well, drénkt dacks Cola Light amplaz der klassescher Versioun. Aspartamm gëtt als Zockerersatz benotzt, deen dem Softdrink déi néideg Séissegkeet soll ginn. Eng nei Etude beweist elo wéi schiedlech dësen Additiv eigentlech ass.
Aspartamm fann dier net nëmmen an Cola Light, mee gëtt och an villen anere Softdrinks bäigefüügt. Konsumenten mengen datt si sech selwer eng Faveur maachen andeems se keen Zocker drénken. Awer Aspartamm ass nach méi ongesond wéi bis elo geduecht.

Fuerscher hunn d’Effekter vum Séissstoff fir iwwer zéng Joer studéiert. D’Resultat ass erschreckend. Drénken vun nëmmen zwou Coke lights pro Dag erhéicht den Risiko vu Häerz-Kreeslaf-Krankheeten ëm 30 Prozent. D’Warscheinlechkeet fir un enger Häerzattack ze stierwen klëmmt souguer ëm ongeféier 50 Prozent. De Séissstoff huet och en Effekt op d’Psyche. Nierwenwirkungen wéi Hyperaktivitéit, Angstlechkeet, Kappwéi, Agressioun an Depressioun goufen ënner anerem observéiert.
D’Etude gouf vun der University of Iowa gemaach. D’Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet ënnersicht reegelméisseg d’Schiedlechkeet vum Aspartamm a betount 2013 datt de Séissstoff harmlos ass.