Klo géint Apple: Handykeefer kréien Suen zréck


E Feeler gëtt dem Smartphone-Hiersteller elo deier.

Apple a Samsung benotzen de Klimawandel fir hire Gewënn ze erhéijen. Ënnert dem Virwand fir de Planéit ze retten, hu béid Hiersteller virun enger Zäit opgehalen Luedegeräter an hir Handyboxen dobäi ze leeën.

Als éischt sinn déi gekabelt Kopfhörer aus dem Apple Handysboxen verschwonnen an zënter dem iPhone 12 ass och den néidege Luedegerät verschwonnen. Samsung ass zënter dem S21 gefollegt. Béid Hiersteller plädéieren, datt si op dës Manéier aktiv zum Ëmweltschutz bäidroen. No allem géif dat elektronesch Offall minimiséieren an déi meescht Stéit hu souwisou schonn Luedegeräter an Kopfhörer.

Natierlech, an dat gëllt fir béid Hiersteller, kënnen dës Komponenten aus hirer Palette vun Accessoiren fir eng Tax kaaft ginn. Apple geet souguer e Schrëtt méi wäit a lueft déi elo méi kleng Verpakung als Reduktioun vun den CO2 Emissiounen. „Dëse Schrëtt géif 2 Milliounen Tonnen CO2 pro Joer spueren“, erkläert Apple.

Ee Geriicht a Brasilien gesäit dës Duebelmoral awer anescht. Et verurteelt Apple zu engem Payement vun 1000 US Dollar un een Client, deen keen Luedegerät beim iPhone dobäi louch. Den Artikel 39 vum Verbrauchercode verbitt de sougenannte „Kravattenverkaf“. Et ginn puer 100 Verfaren vun dësem Typ virbereet. Smartphones a passende Luedegerät dierfen net separat verkaf ginn. Dëst huet Apple a Samsung scho méi wéi $ 5 Milliounen a Brasilien kascht. Eng Klengegkeet, wann een bedenkt, datt Apple eleng duerch  Wechloossen vum Luedegerät, iwwer 6 Milliarden Dollar verdéngt huet.