Grouss Pläng: Wäert d’Margot Robbie den neien Jack Sparrow ginn?

De Produzent huet spannend Detailer verroden.

Metropolitan FilmExport

Et gesäit dono aus, wéi wann en neie „Pirates of the Caribbean“-Film befirsteet. Besonnesch wat dem Johnny Depp säi Prozess ugeet, froe seng Fans sech ëmmer erëm wéi déi populär Franchise weider geet. De Produzent Jerry Bruckheimer huet sech elo fir d’éischt Kéier zu The Sunday Times geäussert.

Déi grouss Fro ass nämlech, ob den Johnny Depp als Captain Jack Sparrow zréckkënnt. Dozou mengt den Produzent, dass dorun „net zu dësem Zäitpunkt“ ze denken wier. Allerdéngs ass „d’Zukunft nach net entscheet“. De Bruckheimer ass diplomatesch a léisst Fro oppen ob mir den Johnny Depp erëm als ikonesche Kapitän gesinn.

© 2022 Warner Bros. Entertainment Inc. All rights reserved.

Wat de Filmscript fir de sechste vum „Pirates of the Caribbean“ ugeet, gouf hien dunn awer e bësse méi präzis. Wéi hien gefrot gouf, wéi et ëm den Skript steet, huet hien geäntwert: „Jo, mir schwätzen mam Margot Robbie. Mir entwéckelen zwee Pirates Dréibicher- ee mat him, een ouni hatt.“ Et kéint dann tatsächlech sinn, dass mer d’Margot Robbie geschwënn als weiblech Jack Sparrow ze gesinn kréien – schliisslech gehéiert hat zu den gefrotesten Schauspillerinnen a wäert geschwënn als Live-Action-Barbie am Kino ze gesinn sinn.

D’Tatsaach, datt de Produzent un zwee Skripte schafft, beweist datt d’Saach vum Johnny Depp eigentlech nach net eriwwer ass. Et ass méiglech datt d’Produktioun d’Wiel vun den Acteuren op d’Resultat vum Prozess baséiert – also wann den Johnny Depp gewënnt, stinn Chance gutt, datt mir de bekannte Jack Sparrow erëm gesinn.