Enkpass bei Coca-Cola: Dorop mussen Clienten am Ament verzichten


De Gedrénkshiersteller erlieft Enkpäss wéinst dem Krich an der Ukrain.

Coca-Cola

Beim Gedrénkshiersteller Coca-Cola kënnt et zu Enkpäss. D’Glasfläschen vum Grupp ginn knapp. De Grond dofir ass de Krich an der Ukrain. Bei engem russeschen Ugrëff op d’ukrainesch Haaptstad Kiew gouf d’Fabréck vun engem grousse Fournisseur vu Glasfläschen zerstéiert.

Speziell geet et ëm 0,33 Liter Fläschen. D’Clientë mussen dowéinst am Ament op déi Produkter verzichten. De Maartaféierung vum Six-Pak mat 0,33 Liter Fläschen ass scho verréckelt ginn. Den neie Verëffentlechungsdatum befënnt sech am véierte Quartal vun dësem Joer.

Gastronomie huet Prioritéit wann et drëms geet, Glasfläschen geliwwert ze kréien. Et sollen aner Alternativen fir den Handel ginn. Trotz allem konnt de Gedrénkshiersteller am éischte Véierel vun dësem Joer säi Verkaf ëm 4,3 Prozentpunkten erhéijen. Deementspriechend geet et Coca-Cola de Moment ganz gutt. Zousätzlech ass d’Nofro fir kleng Glasfläschen ëm ganz 64 Prozent eropgaangen.

Et war ursprénglech dem Grupp säi Plang fir an Zukunft ëmmer méi op Glasfläschen ze setzen. D’Glasfläsch vun 1 Liter fir Cola, Fanta, Sprite a Co soll Ufank nächst Joer verfügbar sinn.