Big Mac-Champion brécht neie Rekord


Zënter 1972 zielt hien als reegelméissege Client bei McDonalds.

Et ass surrealistesch, mee den internationale Big Mac Champion huet e weidere Rekord gebrach! Den Donald Gorske, deen de Guinness Weltrekord hält fir Big Mac z’iessen, huet elo d’50-Joer Mark geknackt. Also ësst hien zënter 50 Joer op d’mannst ee Big Mac den Dag zënter hien 1972 mat dësem Wansinn ugefaangen huet. Hie gouf fir d’éischt 1999 mam Rekord ausgezeechent – an elo, 22 Joer méi spéit, soll hie ganz 32.340 Big Macs giess hunn.

De 50-Joer alen erënnert sech nach un den éischte Big Mac, deen hien giess huet. „Ech sinn bei den McDonalds gefuer, hunn mer dräi Bic Macs geholl an hunn se am Auto giess,“ sot Gorske. „An deem Moment hunn ech mir selwer gesot: ‚Ech iessen se warscheinlech  fir de Rescht vu mengem Liewen‘. Ech hunn d’Këschten op mäin Récksëtz geheit an hunn se zënter dem 1. Dag un gezielt.

Tatsächlech gëtt den Gorske un, heiansdo méi wéi ee Burger den Dag ze packen. A senger Héichzäit hätt hien bis zu 9 Big Macs den Dag giess, seet hien. An der Tëschenzäit gehéieren awer 2 Stéck zu senger Routine – also 14 Stéck d’Woch.

Hie bericht datt seng Fra hien och an dësem spezielle Liewensstil géif ënnerstëtzen. Si hunn d’Burgerkëschten an d’Quittungen gehalen, an och e Kalenner gefouert an deem se aginn wéini a wéi vill Burger hien giess huet. Hien hätt dowéinst keng gesondheetlech Problemer gehat, esou de Gorske. Trotz de 563 kcal pro Burger huet hien aussergewéinlech gudden Bluttzockerspigel a géif ronn 10 km den Dag trëppelen fir gesond ze bleiwen.