Offiziell: Beléiften Netflix-Serie kënnt endlech zréck

Eigentlech huet een d’Serie als beend ugesinn.

Netflix

Wann et eng Serie gëtt, déi Dir mat Netflix identifizéiert, da muss et d’Sci-Fi Serie Black Mirror sinn. Si genéissen een Kultstatus beim Streaming Provider an erzielen ëmmer hir eege dystopesch, selbststänneg Geschicht an all Episod. Dës grujeleg Biller vun der Zukunft beschäftegen sech dacks mat technologesche Fortschrëtter, déi d’Liewe vun de Personnagen katastrophal beaflossen. Et ginn elo fënnef Saisone vun der Serie, déi lescht koum am Joer 2019. Zënterhier ass et roueg ginn em d’Serie – besonnesch wéinst der Corona-Pandemie, wéi vill verdächtegen.

Awer elo gëtt et endlech gutt Neiegkeeten fir d’Fans. Laut Variety ass d’Serie fir eng Saison verlängert ginn. Deementspriechend kënnen sech d’Fans op eng  sechst Saison freeën, déi am Géigesaz zu der fënnefter Saison nees méi Episoden sollt enthalen. Zousätzlech sollt d’Saison méi cinematographesch sinn – sou datt d’Episoden däitlech méi laang wéi 70 Minutten daueren kënnen. All Geschicht soll vun der Serie wéi eng Zort Film behandelt ginn, wat natierlech vill Fans onheemlech glécklech mécht.

D’Fans hunn dräi Joer missen waarden, an et kéint och sinn, datt se nach e bësse waarden mussen. Am Moment gëtt no de richtege Besetzung fir d’Episoden gesicht, an dann mussen d’Episoden och verfilmt ginn. Et ass onwarscheinlech dass Serie virun 2024 ausgestraalt gëtt – also ass nach vill Zäit fir sech déi fënnef Saisonen nach e mol unzekucken déi scho existéieren.