Viralen Kräisch-Filter: Ass en wierklech vum Amber Heard inspiréiert?


De Filter erënnert vill un dem Amber Heard säin Theaterstéck viru Geriicht.

Mat dem Prozess tëscht dem Johnny Depp an dem Amber Heard geet an eng nei Ronn, an sou gouf d’Schauspillerin dës Woch viru Geriicht an Kräizverhéier geholl. Spéitstens elo ass kloer, dass sech zwee Teams um Internet geformt hunn- nämlech Team Amber Heard an Team Johnny Depp. Et dierft net iwwerraschen, datt d’Team Johnny Depp méi grouss ass – an dofir muss sech d’Actrice mat ganz vill Haass an Hetz um Internet ofginn.

Ënnert anerem koum viru kuerzem e Filter eraus, deen un de Gesiichtsausdrock vun der Actrice erënnert. Dëse Filter transforméiert d’Gesiicht an eng extrem emotional an traureg Grimasse – genau so wéi d’Amber Heard wärend hirer éischter Ausso viru Geriicht ausgesinn huet. Dëse Filter ass elo viral gaange an huet schon vir puer Laachflashs gesuergt.

@nadiak1998

Or am I just late to the party and everyone knew that? #greenscreenvideo #amberheard #johnnydepp #cryingface #foryou

♬ Oh No – Kreepa

Awer tatsächlech sollt dem Amber Heard seng emotional Ausso net hannert der Erscheinung vum Filter stoen. Laut TMZ huet en Employé vu Snapchat, op där senger Plattform dëse Filter och verfügbar ass, dem Magazin gesot a bestätegt datt dëst net de Fall wier. Et gëtt gesot datt si fir sechs Méint un dësem Filter geschafft hunn, a Snapchat géif och kategoresch refuséieren op iergendeng Manéier mam lafende Prozess vun den zwee Schauspiller ze kooperéieren.

Ausserdeem wier de Filter nëmmen de Géigespiller zu engem Lachfilter dee schonn existéiert. D’Mondwénkel ginn op déi extreemst Manéier no uewen gezunn, an dofir war et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis et och e Kräisch-filter géif ginn.