Nei Pläng: „Jurassic World 3“ soll net d’Enn sinn

Déi Involvéiert hunn Detailer iwwer d’Zukunft vun der Dinosaurierwelt verroden.

Den 8.6.2022 fänkt d’Finale „Jurassic World“ an de Lëtzebuergeschen Kinoen un. Dat ass op d’mannst déi offiziell Versioun – den Haaptacteur Chris Pratt huet ganz aner Pläng. Hie wëll eng Franchise kreéieren wéi de Marvel Universum aus der Dino Dynastie, wéi hien an engem Interview mam ComicBook verroden huet:

„Ech mengen, ech denken et ass méiglech? Et sollt een d’Optioun oppen halen. Et ginn net vill Vergläicher dofir. Ech denken, dass een et am nooste mat Avengers: Infinity War an Avengers: Endgame vergleichen kann, well et … zéng Joer, ronn 20 Filmer sinn. All dës Personnagen haten hir eege Geschichten, hir eegen Trilogien, déi elo zesummekommen. An Dir denkt: „Dëst ass verréckt.“ Et huet een gesinn, wei dës Welte openeentreffen. Genau sou fillt et sech un. ET gëtt d“Jurassic Park‘ Trilogie an et gëtt d“Jurassic World‘ Trilogie an dat ass dës groussen, epeschen Ofschloss. Um Enn vun ‚Avengers‘ hu si weider Marvel Filmer gemaach, awer et fillt sech sou un, wéi wann dës Phas eriwwer wier. Si ass an eng nei Phas iwwergaangen. Natierlech mécht Marvel weider super Filmer. Ech fille wéi et Sënn mécht, datt „Jurassic“ weider super Geschichten erzielt, awer ech denken, datt et mam Iron Man eriwwer ass an ech gleewen, ech wier éischter den Hulk. Vläicht.“

Tatsächlech kéinten dem Chris Pratt seng Iddien Realitéit ginn. Den Aich Regisseur Colin Trevorrow huet verroden datt hien eng Zukunft fir d’Dino Franchise gesäit:

„D’Leit goufen sou an Spuer gedréckt, datt näischt méi en Enn huet. Wat ech spannend fannen, ass ze wëssen, wat jonk Filmemacher sech virstellen, wat fir nei Iddien si hunn. Ech hat an engem gewëssen punkt eng kloer Visioun wéi virugoe soll. An ech hunn dat dem Steven Spielberg virgeschloen an hien huet mir déi Geleeënheet ginn. An ech wéilt dës Chance engem klenge Kand ginn, dat mat Dinosaurier an der Sandkëscht spillt. An hien oder hatt huet eng Visioun, déi ech gären héieren géif.