Besser wéi Marvel an DC: neie Superheldefilm

Keen hätt esou en Erfolleg erwaart.

Wann Dir un Superheldefilmer denkt, da komme direkt Marvel an DC Studios-Filmer aman den Kapp. An de leschte Joren hunn si besonnesch de Superheldemaart zerwéiert an nei Standarde gesat mat Charaktere wéi Spider-Man oder Batman. Mee et gëtt den Ament en neie Superheldefilm deen déi zwee Helden bei wäitem schloen soll. En huet schonn an den USA fir Opreegung gesuergt a gëtt elo säit dem 28.04.2022 an däitsche Kinoen gewisen.

Marvel war den Haaptfokus vum Multiversum bis elo – besonnesch den zweeten „Doctor Strange“ Deel, deen den 4.5.2022 bei eis an den Kino komm ass, soll d’Geschicht an deem Sënn weider spinnen. Awer „Everything Everywhere All at Once“ setzt nach een Drop, a kreéiert méi Multiversen an engem Film wéi Marvel an DC zesummen. Kritiker no soll de Film eng endlos Quell vu Kreativitéit an Handlung sinn, mat Witz an Intelligenz.

An de Film brauch keng Superhelden mat epesche Réckgeschichten – an dësen Film follegt een einfach dem Evelyn, déi den amerikaneschen Dram liewen wollt an elo de Multiversum vun engem béise Bagel muss retten.

Mat engem Tomatometer vun 97%, waren d’Rezensiounen vum Film och extrem gutt. „Ech hunn gelaacht. Ech hunn gekrasch. Ech hunn gestaunt an ech hunn gekrasch. Sou passend wéi den Titel vum Film ass, beschreift et méi präzis d’Breet vu menge Gefiller nodeems ech se gesinn hunn“, schreift den Allen Adams vun The Maine Edge.