Apple, Google a Microsoft wëllen Passwierder ofschafen

Am nächste Joer wäert eng nei Sécherheetsmethod Passwierder ersetzen.

Apple, Google a Microsoft plange Passwierder ze eliminéieren. Amplaz soll déi sougenannte Fido-Methode benotzt ginn. D’Zil ass „iwwer Plattformen ze kollaboréieren“.

Microsoft-Vice Alex Simons huet viru kuerzem gesot datt se op dës Manéier eng „komplett Ëmstellung op eng Passwuertlos Welt“ realiséieren. Déi dräi Tech Rise wëllen op eng sécher Method setzen, entworf vun der Fido Alliance an dem World Wide Web Consortium. Smartphones kréie bei der Registratioun iwwer den Déngscht eng Fido Berechechtungsnoweis.

De „Passkey“ gëtt op den Apparater gespäichert. Mat dësem loossen sech online Konten ze spären: „Wann Dir Iech op eng Websäit oder App umellt, enstpärrs du einfach däin Handy.“ De System kann och benotzt gi wann Dir op Websäiten iwwer Äre Computer alogge wëllt. D’Benotzer brauchen „just hiren Telefon an der Géigend a ginn opgefuerdert, et fir den Zougrëff ze entspären“

Dës Method soll méi sécher si wéi zwee-Faktor Authentifikatioun mat eemolege Passwierder per SMS oder E-Mail. Mam Fido System ass de Login u virdru registréiert Geräter gebonnen. Wann e Benotzer probéiert anzeloggen, gëtt eng Ufro un den Apparat geschéckt, dee muss bestätegt ginn. D’Fido Alliance wëll d’nächst Joer de passwuertfräie Login aféieren.