„The Hunger Games“ Prequel: Teaser an Verëffentlechungsdatum si festgeluecht

Déi grujeleg Hungerspiller kommen geschwënn op de groussen Ecran zréck.

D’Panem Trilogie huet net nëmmen d’Häerz vun all Bicherwuerm eruewert, mee och d’Dystopie-Liibhaber am Kino iwwerzeegt. Déi dräi Bicher, déi a véier Filmer opgedeelt goufen, gehéieren wuel zu de beléiftste Sci-Fi Filmer aus dem leschte Joerzéngt – wat et ëmsou méi Freed mécht, datt de Prequel geschwënn an de Kino erauskënnt! Lionsgate huet dat offiziell um CinemaCon bestätegt,  d’Produktioun soll schonn amgaang sinn.

D’Besicher vun der Filmmesse kruten esouguer eng Aart Teaser ze gesinn, andeems se den Titel vum Film verroden hunn. Genau sou wei  d’Buch, op dat et baséiert, ass den Titel „„Ballad of Songbirds and Snakes“. Leider enthält den Teaser nach keng Biller aus dem eigentleche Film, nëmmen Naturopnamen, zesumme mam gëllene Buschtaf „D’Welt wäert gesinn … wien e Songbird … a wien eng Schlaang ass.“

Lionsgate

Ween de Prequel schonn a Buchform gelies huet, weess wat d’nächst Joer um groussen Ecran op eis waart. De Prequel geet ëm den tyrrhenesche President Snow, deen dem Katniss als eng Aart Äerzfeind konfrontéiert gëtt. Am Prequel ass hien awer just 18 Joer al a probéiert seng Famill vu bestëmmten Ënnergang ze retten. Hie selwer Mentor vun engem Kandidat ginn, an gëtt mat engem Meedchen aus dem veraarmten an ënnerbewäerten Distrikt 12 zesummegesat.

Laut Lionsgate soll de Film de 17. November 2023 an de Kino kommen. De Casting vum Film ass nach net opgedeckt ginn, an den Release Datum vum offiziellen Trailer ass och nach onbekannt.