Däitschland: Déi 25 beschte Erliefnesparken
Plaz 1 soll definitiv eemol besicht ginn.
De Summer kënnt ëmmer méi no an domat d’Méiglechkeet déi waarm Deeg am däitschen Erliefnespark-Universum ze verbréngen. Dës Kéier sollten net nëmmen déi spannend Attraktiounen, mee och déi laang Ausfallzäiten duerch Corona eigentlech eng besonnesch grouss Unzuel u Besucher an d’Welt vun de Fuergeschäfter unzéien. Mä tatsächlech ginn et vill Erliefnesparken an Däitschland, déi net all déi beschten Präis-Leeschtung ubidden. D’Firma „Travelcircus“ huet d’Top 25 vun de beschten däitschen Erliefnesparken op hirer Websäit zesummegesat an se op Basis vu Familljefrëndlechkeet, Präis-Leeschtung a Varietéit vun Attraktiounen bewäert.
Den Europa-Park, deen ee vun den deiersten Erliefnesparken an Däitschland ass, packt et op Nummer 1, well en vill Spaass fir ganz Famill bitt. Den Entréespräis fir eng Famill vu véier Leit leit bei 238 € an ass natierlech net geschenkt, mä Dir kritt 13 Aachterbunnen, 11 Waasserattraktiounen an iwwer 50 Familljeattraktiounen. Obwuel de Churpfalzpark och vill Attraktiounen huet,huet hien awer déi lescht Plaz gemaach wéinst Faktoren wéi Präis-Leeschtung a Popularitéit.
Hei sinn Top 25
- Europa-Park
- Hansa-Park
- Heide-Park
- Erlebnispark Tripsdrill
- Movie Park Germany
- Phantasialand
- Holiday Park
- Bayern-Park
- Fort Fun Abenteuerland
- Schwaben Park
- potts park
- Skyline Park
- Freizeitpark Plohn
- Taunus Wunderland
- Tolk-Schau
- Rasti-Land
- Belantis
- Tier- & und Freizeitpark Thüle
- Serengeti-Park
- Karls Erlebnis-Dorf
- Erse-Park
- Schloss Beck
- Jaderpark
- Freizeit-Land Geiselwind
- Churpfalzpark