Etude warnt: Keng Smartphonen méi vun 2030 un?

Eng nei Etude publizéiert eng grujeleg Prognose.

Keng Smartphonen méi vun 2030 un? Dat ass d’Prognose vun enger Etüd vun der Uni Leuven op Optrag vun Eurometaux. Dëst ass eng europäesch Associatioun vun Neteisenmetallerzeuger a Recycler.

De Problem ass déi net noweusend Rostoffer fir Batterien ze bauen. Dës ginn awer net nëmme fir Handyen benotzt, mee sinn och e wesentleche Bestanddeel vun elektresche Gefierer, Batterien, PhDe Problem ass déi net nowuessent Rostoffer fir Batterien ze bauen. Dës ginn awer net nëmme fir Handyen benotzt, mee sinn och e wesentleche Bestanddeel vun elektresche Gefierer, Batterien, Photovoltaikanlagen, Wandturbinne a Waasserstofftechnologie. Besonnesch geet et ëm Lithium, Kobalt, Koffer, Néckel an déi rar Äerd, vun deenen China bei wäitem de gréisste Fournisseur ass. Demande fir dës Elementer iwwertrefft elo scho d’Kapazitéiten, an et wäert ëmmer schlëmmer ginn. Dës Kris ass indirekt vun der europäescher Klimapolitik beaflosst.

Bis 2050, wann Europa klimaneutral wëll sinn, wäert d’Nofro no Lithium iwwer 2000% sinn vun deem wat et haut ass. 35 Mol méi Lithium, bis zu 26 Mol méi seelen Äerdmetaller an 3,5 Mol méi Kobalt sinn néideg – eleng an Europa. Leider sinn d’Ressourcen vun dësen Elementer op der Äerd ganz limitéiert a wäerten enges Daags opgebraucht sinn.

D’KU Leuven seet: „Ouni eng zukunfteg Versuergung vun neie Primärmetaller a besserer Verwäertung, droen kritesch Enkpäss, déi Zil vun Europa vun engem méi autonomen, propperen Energiesystem a Gefor ze bréngen“. D’Etude gesäit hei vun 2030 un eeschte Enkpäss. D’Universitéit Léiwen kënnt zur Konklusioun: „Bis 2050 kéinte 40 bis 75 Prozent vum europäeschen Bedarf fir propper Energiemetaller duerch lokalen Recycling gedeckt ginn, wann Europa elo vill investéiert an Enkpäss liquidéiert“.

De Recycling muss also vill méi intensiv gefërdert ginn an den Ëmgang mat existéierenden Apparater muss duerchduecht ginn. Zum Beispill, andeems Dir d’Apparater méi laang haalt oder d’Batterien méi suergfälteg behandelen fir hir Liewensdauer ze erhéijen.