Geféierlech Ofzock: Amazon warnt Prime Clienten

Den Grupp mëscht op eng néi Bedruchsmasch opmierksam

Prime Clienten vum Online Händler Amazon ginn duerch Phishing-E-Maile bedrunn. Natierlech probéieren Krimineller perséinlech Donnéeën a Suen vun Amazon Prime Clienten ze kréien. Si schécken Erënnerungsbréiwer fir aussergewéinlech Bezuelungen fir Prime Memberschaft ze verlaangen.

Den Adressat huet sechs Deeg Zäit, fir dat angeblechen Saldo ze reegelen – soss gëtt d’Prime Memberschaft gekënnegt. Fir dës Ëmstänn ze vermeiden, sollt ee bezuelen; nämlech duerch en ugehaangenen Link, deen elo den  Client op eng Phishingsite féiert.

Souwuel Amazon wéi och de Konsumenteschutz hu scho reagéiert an eng Rei vun Hiweiser virgestallt, déi benotzt kënne ginn fir de versichte Bedruch z’identifizéieren. Virun allem d’Begréissung, déi dacks just en einfachen „Moien“ ass. Bei Amazon géif fir am Normalfall ëmmer mam Numm ugeschwat.

Dann ass de ugefrote Betrag falsch. Memberschaft kascht € 5,99 pro Mount an net déi gefuerderten € 10,71 plus Steieren. Als nächst géif Amazon ni perséinlech Informatioune per E-Mail ufroen. Schlussendlech passt d’Adress vum Sender net mat Amazon iwwerteneen. An der richteger Korrespondenz enden all Adresse vum Online-Grupp mat @amazon.de. Dofir sollten verdächteg E-Maile direkt aus der Mailbox geläscht ginn.