Instagram plangt nei Funktioun

Geschwënn gëtt et eng nei praktesch Funktioun op Instagram.

Déi populär Instagram App plangt eng fuschneie Funktioun fir all Benotzer. Et wäert geschwënn méiglech sinn Posts aus dem Feed ze pinnen. Dëst bedeit datt se als éischt um Profil ugewise ginn. Instagram test schonn déi nei Funktioun.

Benotzer déi Zougang hunn, gesinn eng „Pin op Äre Profil“ Optioun. Dëst ass op der dräi-Punkt Ikon nieft de Posts. E Spriecher vu Meta huet elo d’Rumeuren offiziell bestätegt: „Mir testen eng nei Funktioun, déi d’Benotzer erlaabt Posts op hire Profil ze pinnen.“

Geschichten kënne schonn als Highlight uewen um Kont ugepinnt ginn. Déi nei Funktioun géif et elo erméiglechen, bestëmmte Posts ze prioritären a méi Follower doriwwer bewosst ze maachen. Dir kënnt weider nei Inhalter posten ouni dat prioritärt Bild oder de Video de Feed erofrutscht. Eng Optioun déi et scho op Twitter, TikTok a Facebook gëtt..

Ob et eng maximal Unzuel u Posts gëtt, déi kënne gespäichert ginn oder wéini d’Optioun fir jiddereen verfügbar ass ass nach ëmmer onkloer.