33 Doudesfäll: Geféierlech TikTok Trend geet viral

Et gëtt eng dréngend Warnung iwwer den neie Videotrend.

D’Videoplattform TikTok ass bekannt fir aussergewéinlech Trends déi viral ginn. Vill Influencer testen déi geféierlech Aktiounen an imitéieren se. Dacks verbirgt sech awer eng grouss Gefor hannendrun.

En neien Trend huet viru kuerzem sech  wéi een Bëschbrand iwwer de Web verbreet, ganz wuertwiertlech. 33 Leit si scho gestuerwen nodeems se probéiert hunn dëse Video ze dréinen- alles just fir méi Likes a Follower ze kréien. Sou ass et och enger Koppel aus Wisconsin gaangen. Déi zwee wollten eng speziell Technik uwenden fir Holz ze verbrennen.

Dobäi gëtt mat hëllef vun Elektrizitéit e spezifescht Muster an een chemescht gedränkten Holz gebrannt. Wärend dem Dréinen vum Video, krut Koppel een Stroumschlag an Garage, wou se de geféierleche Versuch gemaach hunn, ass an Flamen opgaangen.

„Duerch d’Aart vun dësem Tëschefall an de bedeitende Schued, deen duerch d’Feier verursaacht gouf, war et onheemlech schwéier d’Doudesursaachen an d’Sequenz vun den Ereegnesser ze bestëmmen. En falscht Spill ass ausgeschloss an geet een dovunner aus, dass et sech bei den Doudesfäll em een Accident handelt, „sot de Sheriff.

Hien warnt al Nachahmer den Trend net aus ze probéieren: „Dës Prozedur ass ganz geféierlech a sollt nëmme vun ausgebilte Fachleit ausgefouert ginn.“ E puer erfollegräich Videoe goufen Millioune Mol gekuckt. Dofir hunn eng Rei Benotzer d’Experiment scho probéiert. 33 vun hinnen si gestuerwen.