iPhone 14: Pro Modeller wäerte sech méi, wéi virdrun, vun der Standardversioun ënnerscheeden

Apple plangt anscheinend méi Differenzen tëscht den Modellvarianten  beim neien iPhone 14. D’Upassunge beaflossen anscheinend ënner anerem den Chip an d’Kameraen.

@ld_vova

Wann Dir mat der Iddi spillt en neien iPhone 14 ze kafen, musst Dir mat méi groussen Ënnerscheeder tëscht de Versioune rechnen wéi Apple bis elo an déi Normal an Pros agebaut huet. Well déi eenzel Modeller wäerten sech wuel net nëmme vum Material ënnerscheeden, mee och wat de Chipsatz an de Kameraen ugeet.

Nei iPhones mat Satellitenverbindung fir d’éischte Kéier?
Industrie Insider a Bloomberg Editor Mark Gurman behaapt a sengem aktuellen Power-On Newsletter datt nëmmen den iPhone 14 Pro en A16 Bionic Chip a Kombinatioun mat enger 48MP Kamera wäert hunn. Den normale iPhone 14, op der anerer Säit, muss sech mat enger 12MP Wäitwénkelkamera an engem A15 Bionic Chip ze Fridden ginn.

© MacRumors

Déi zwee iPhone Modeller sollten sech och um Design ënnerscheeden: den iPhone 14 wäert méiglecherweis änlech wéi den iPhone 13 ausgesinn, wärend den iPhone 14 Pro mat engem Dual Ausschnëtt fir d’Kamera a Face ID kënnt. De Gurman mengt och datt Apple Satellitekonnektivitéit fir den iPhone 14 oder spéider Modeller fir d’éischte Kéier kéint bréngen.

Den Analyst Ming-Chi Kuo geet dovunner aus, datt d’Decisioun vun Apple fir eng méi staark Differenzéierung an den iPhone-Modeller och mat der schlechter Versuergungssituatioun am Chip-Secteur verbonnen ass. Deementspriechend wier et och méiglech fir den iPhone 14 zu engem méi niddrege Präis op de Maart ze bréngen wéi de Fall mat sengem Virgänger. Apple selwer huet iwwregens nach net iwwer dës Rumeuren kommentéiert. Also musse mir warscheinlech op déi offiziell Ukënnegung vun der iPhone 14 Serie waarden bis mir d’Spezifikatioune vun der neier Hardware gesinn.