Hannert dem McDonald’s Logo verbiergt sech een pikant Geheimnis

De gëllene „M“ huet eng ganz speziell Bedeitung.

© mcdonalds.de

De McDonald’s Logo ass weltbekannt. Säit iwwer 50 Joer ass all Restaurant mam Logo dekoréiert. Eleng an Däitschland ginn et iwwer 1.400 Filialen vun der populärer Fastfoodkett. An Lëtzebuerg hunn mer der 12, wat vill fir sou een kléngt Land, vill ass.

Normalerweis geet een dovunner aus, dass déi kromm giel Linnen aus den Initialen vun der Firma ofgeleet ginn sinn. Dat awer eng ganz aner Bedeitung dohannert stécht, an och nach eng ganz pikant, ass eréischt duerch een Reportage vun BBC bekannt ginn.

De Louis Cheskin, e Psycholog, deen an den 1960er Jore fir Reklamm fir d’Fast-Food-Kette agestallt gouf, huet erkläert, datt de gëllene M mat senge Schwéng un d’weiblech Broscht erënneren soll – als Referenz op d’Mamm hir Broscht, déi eis all ernäert huet.

Wéi si virun 50 Joer de Logo awer wollten änneren, huet de Cheskin säin Design erfollegräich verdeedegt an et huet sech duerchgesat. Dir wäert d’Logo elo warscheinlech anescht wouer huelen.