Kënnt de Billy zréck? XXL Trailer kënnegt „Stranger Things“ Saison 4 un

Hei ass alles wat Dir wësse musst iwwer déi nei Saison.

Courtesy of Netflix © 2022

D’Fans vun „Stranger Things“ hu ganz dräi Joer op eng nei Saison missen waarden. Schlussendlech, no villen Ukënnegungen, Teaseren a Verspéidungen, ass den offiziellen Trailer fir d’Saison 4 verëffentlecht ginn, wat sécherlech Fans immens freet. Mir kréien net nëmme vill ze gesinn mam Trailer, deen dräi an eng hallef Minutt laang ass, mä mir hunn och d’Sécherheet datt d’Saison besonnesch spannend, dramatesch an epesch wäert sinn.

Tatsächlech war et laang net kloer wien mir an der 4. Saison erëm gesinn. Um Enn vun der drëtter Saison hunn e puer Haaptfiguren eis verlooss. Ënnert anerem ass de Billy, dem Max säi grousse Brudder, gestuerwen. E puer Fans hunn theoretiséiert datt hien an der Saison 4 zréckkënnt – net lieweg, awer ëmmer nach en Deel vum Monster aus dem parallellen Universum. Wéi kommen se dorop? Um Enn vum Trailer kënnt Dir gesinn, datt d’Monster, d’Form vun engem Mënsch huet – dëst kéint mam Billy verbonne sinn, deen an der Saison 3 vum Monster besat gouf.

Mat esou engem bombasteschen Trailer kënne vill Fans et net erwaarden bis den 27 Mee virun der Dier steet. Et ginn méi gutt Neiegkeeten, awer och e puer schlechter – Saison 5 ass scho bestätegt, awer et wäert och déi lescht Saison sinn. Also musse mer dem Elfi an hire Frënn, geschwënn Äddi soen, wéi d’Produzente vun der Serie annoncéiert hunn.