„Breaking Bad“: De Power Duo kënnt zréck!

Et ass en Dram fir all Fans.

© AMC

D’Helden aus der Serie „Breaking Bad“ gi scho laang vermësst. De Spin-Off Better Call Saul huet d’Häerzer vun de Breaking Bad Fans net ganz gewonnen, obwuel en der Serie zegut halen muss, dass sie net versicht hunn, e Klon vun der Haaptserie ze sinn. A schonn an de leschte fënnef Saisone vum Spin-Off huet een hei an do deen een oder aneren „Breaking Bad“ Schauspiller fonnt, wéi de Mike Ehrmantraut an de Gustavo Fring. 

Awer elo sollten endlech d'“Breaking Bad“ Helden Bryan Cranston an Aaron Paul zréck kommen. De Spinoff huet dee laang erwaarde Héichpunkt fir d’Saison 6 gerett, wéi den Better Call Saul Showrunner Peter Gould  laut Slash Film bestätegt huet. Den offiziellen Twitter Account vun der Serie huet och de Retour vum ikoneschen Duo verëffentlech . Wéi grouss d’Roll vun de Personnagen wäert sinn a wéi eng Auswierkunge si wäerten hunn ass nach net gewosst.

Déi sechst Saison vu „Better Call Saul“ soll den 18. Abrëll an den USA ufänken. Lëtzebuerg Seriefans musse wéi gewinnt wuel nach e puer Deeg waarden, bis d’Serie op Netflix erscheint.