Bloomberg: D’Apple Watch kritt néi Funktiounen

D’Apple Watch wäert an Zukunft Blutdrock a Bluttzocker  moossen kënnen, watchOS 9 verlängert d’Batterielafzäit

An engem spannende Bericht op Bloomberg gëtt de Mark Gurman en Abléck an d’Zukunftspläng vun Apple fir d’Apple Watch. Virun allem gëtt gesot datt d’Firma Fortschrëtter mécht mat der Entwécklung vun de laang erwaarde Sensoren fir Bluttdrock a Bluttzocker ze moossen, awer et wäert nach e puer Joer daueren ier dës Funkitounen an enger Apple Watch verfügbar sinn.

D’Benotzer mussen net méi sou laang waarden, bis déi spannend, nei Funkltionen verfügbar sinn. Well mat watchOS 9 gëtt am Hierscht e komplette OS-Update fir d’Apple Watch verëffentlecht, wat d’Zyklus- a Schlofverfolgung verbessert an nei Fitnessfunktiounen bäidréit. Besonnesch spannend ass den neie Stroumspuermodus, deen den „Power Reserve“ ersetzt.

Am Géigesaz zu virdrun, sollt d’Apple Watch weider fäeg sinn Apps am Energiespuermodus ze benotzen anstatt just d’Zäit un ze weisen. Dat kéint endlech d’Batterielafzäit iwwer en Dag drécken, awer mat e puer Aschränkungen. Vill vun de matgeliwwerten Zifferblieder solle mam Update op watchOS 9 iwwerschafft ginn.

D’Apple Watch Series 8, déi erwaart gëtt am September lancéiert ze ginn, soll e Sensor hunn deen d’Hauttemperatur vum Benotzer moosse kann. Virun allem soll dëse Sensor hëllefe, fir de weiblechen Zyklus besser virauszesoen, awer eng Féiwermiessung soll eréischt méi spéit an Spill kommen – an no dem Mark Gurman verzichten och d’Miessresultater zugonschte vun enger einfacher Aufgabe ob de Benotzer Féiwer huet oder net.