Neie Macbook Air an iOS 16: wat ass ze erwaarden um nächsten Apple Event

„Bloomberg“ Reporter Mark Gurman huet nei Prognosen fir dat kommend Event ginn. D’Entwécklerkonferenz WWDC soll och Hardware mat sech bréngen

© Apple

Soubal dat éischt Apple Event vum Joer eriwwer ass, steet den nächsten Event schon op der Matt- nämlech d’Entwécklerkonferenz WWDC, op där den Grupp sech haaptsächlech op nei Software konzentréiert. Anscheinend net nëmmen, wéi de „Bloomberg“ Reporter an den Apple Insider Mark Gurman a sengem Power-On Newsletter gepräägt huet. Nieft Updaten vum Betribssystemer fir den iPhone an iPad kënnen d’Fans sech anscheinend och de 6. Juni op en neie Macbook freeën.

Et war ursprénglech geplangt den legendären Mixed Reality Headset dem Public ze presentéieren. E Plang, dee wéinst verschiddene Schwieregkeeten an der Entwécklung net klappt. Ënner anerem soll et Problemer ginn mat Iwwerhëtzung vun der Kamera an der Software. Eng Verëffentlechung gëtt elo am Joer 2023 erwaart.

© Apple

Dowéinst erwaart de Gurman Beta Versioun vum iOS 16, déi am Moment an der Entwécklung, ënner dem Codenumm Sydney presentéiert sollt ginn – a soll vill Referenzen op de geplangten Headset bréngen. Soss soll déi nei Versioun nei Notifikatioun a Gesondheetsfeatures bréngen. Hien erwaart sech awer keng gréisser Redesigns vum User-Interface.

Fir d’Konferenz net ganz ouni frësch Hardware ze präsentéieren, ass och d’Presentatioun vun engem neie Mac geplangt. Laut dem Reporter ginn zwee nei Apple Computeren an der Mëtt vum Joer lancéiert – an ee vun dëse PCs wäert e Macbook Air sinn, méiglecherweis mat engem neie M2 Chip- En néien Design sollt och kommen.

Dëst Joer gëtt fir d’drëtt Joer hannereneen WWDC exklusiv virtuell ofgehalen. No der Ouverture vum 6. dauert se bis den 10. Juni.