Réckruffaktioun bei Ferrero: Salmonellen an der Kinder-Schokolade


Iwwerraschungseeër sinn och vun der Réckruffaktioun betraff.

Ferrero rifft e puer vu senge Kannerprodukter zréck. Salmonellen kéinten sech am Schockela befannen. De Grupp muss elo Chargen vu senge Produkter aus der Circulatioun zéien.

E Salmonellenausbroch huet zu Groussbritannien fir Opreegung gesuergt. 63 Leit ware betraff, meeschtens kleng Kanner. Dësen Ausbroch soll mat de Produkter an Verbindung stoen. Et ginn och gesot datt e puer Infektiounen an Lëtzebuerg,Däitschland, Frankräich, Schweden an aneren europäesche Länner goufen. Wéi déi franséisch Gesondheetsautoritéiten gemellt hunn, gouf et och a Frankräich eng Réckruffaktioun. De Ferrero huet sech fräiwëlleg zu dëser Virsiichtsmoossnam entscheet.

© Kinder.com

Vun der Réckruffaktioun sinn Kinder-Überraschungseier an engem Pack vun dräi mat engem Verfallsdatum tëscht Abrëll a Juni 2022 betraff, sou wéi och Kinder-Schokobons a Kinder-Schokobons White , déi tëscht Mee a September 2022 oflafen. Zousätzlech ginn Kinder-Überraschungseier Maxi (100 Gramm), Kinder-Mini-Eggs (100 Gramm) a Kinder-Mix-Packungen mat engem vun den uewe genannten Produiten mat engem Verfallsdatum tëscht August a September 2022 zréckgeruff.