„House of the Dragon“: Start vun der Serie steet fest

De „Game of Thrones“-Prequel Startdatum gouf ugekënnegt.

© SKY

De laang erwaarde Start vum „Game of Thrones“ Prequel „House of the Dragon“ steet fest. Den Start ass Sonndes, den 21 August op HBO a wäert verfügbar sinn op HBO Max an den USA an a Länner wou d’WarnerMedia Plattform scho zougänglech ass. HBO an Sky hunn een Deal, dowéinst ass et gutt méiglech dass Serie och an Lëtzebuerg ze gesinn ass.

Fans kënnen déi nei Serie och op Sky gesinn. Déi nächst Episode ginn ëmmer parallel zu der US Sendung verëffentlecht. D’Geschicht baséiert um Buch vun 2018 „Fire and Blood“ vum US Auteur George R.R. Martin. House of the Dragon spillt 200 Joer virun der Serie Game of Thrones.

© HBO

D’Serie wäert den Opstig an de Fall vum House Targaryen an den Ufank vum Biergerkrich verfollegen. Dem Emilia Clarke säi Game of Thrones Charakter Daenerys Targaryen gouf an dësem Haus gebuer. Mam Paddy Considine als King Viserys Targaryen, Emma D’Arcy als Prinzessin Rhaenyra Targaryen a Matt Smith als Prënz Daemon. Och den Steve Toussaint, Rhys Ifans, Olivia Cooke a Sonoya Mizuno wäerten ze gesinn sinn.

Et gëtt eng héich Warscheinlechkeet datt d’Serie och op Amazon ze kafen gëtt, nieft der Sky Sendung. Déi éischt Saison besteet aus zéng Episoden déi eemol d’Woch verëffentlecht gëtt.