WhatsApp: nei EU-Reegelen änneren alles

An Zukunft soll et méi einfach fir Benotzer ginn , sech géint den Messenger ze entscheeden.

D’Messenger App „WhatsApp“ gëtt vill benotzt wann et ëm digital Kommunikatioun geet. Jidderee benotzt quasi deen Messenger oder huet en virdru benotzt, a wann Dir wëllt op en anere Provider wiesselen, hutt Dir dacks e Problem – well jiddereen op WhatsApp ass, also gëtt et eng Aart vu Gruppenzwang. Mä an Europa soll dës „WhatsApp“ Dominanz vun elo un änneren. En neit EU-Gesetz soll dofir suergen, datt et geschwënn méi einfach gëtt géint de vu Facebook/Meta geréierte Messenger ze entscheeden.

No Handelsblatt Quellen hunn d’EU Verhandlunge de 24. Mäerz 2022 en Accord erreecht. D’EU huet sech scho laang iwwerluecht, wéi een déi exzessiv Dominanz vun den Internetgiganten Meta (Facebook), Google, Apple a Co miniméiere kann– deementspriechend sinn elo zwou legislativ Initiativen virgestallt ginn, déi d’Muecht vun den Tech Risen geschwënn solle bekämpfen. Dat eent ass d’Digital Services Act (DSA) an déi aner ass d’Digital Markets Act (DMA). Dës zwee Gesetzer soen aus, dat WhatsApp a Co fir méi kleng Messenger mussen opgemaach ginn – wéi Signal, Threema a sou weider. Wéi déi kleng Messenger op dës Ännerung reagéieren ass nach onkloer.

Awer déi rieseg Konzerner sinn nach net mat Restriktiounen menacéiert. Den DMA zum Beispill muss nach vum Europäesche Parlament duerchgewénkt ginn – mä Experten gleewen, datt dat ouni Problemer wäert geschéien. Duerno muss d’Gesetz fir d’éischt publizéiert ginn, an eréischt dann trëtt et a Kraaft. Konsequenze fir d’Benotzer ginn net bis 2024 erwaart.

Awer wat geschitt wann ee vun de Firmen dës nei Reglementer verletzt? Och dofir sollen Strofe festgeluecht ginn. Zum Beispill, bis zu 10 Prozent vun alljährlechen global Ofsaz kéint confisquéiert ginn, mat widderholl Violatioune bis zu 20 Prozent. D’EU behält sech d’Recht fir Fusiounen ze verhënneren oder souguer ganz Firmen opzedeelen. Vun der Säit vun den Tech Risen wäerten dës Gesetzer e richtegen Problem fir si sinn, awer et maachen d’Saache vill méi einfach fir den Endbenotzer. Also an Zukunft wäert et egal sinn, wéi eng Messenger-App déi aner Persoun benotzt – Dir kënnt jidderengem schreiwen, egal ob et iwwer WhatsApp, iMessenger oder eng aner Messenger-App ass.