Neit Gesetz: Gefor fir Apple Benotzer

De Grupp fäert seriéis Secherheetslücken.

Et gi geschwënn drastesch Ännerungen fir den Tech Risen an Europa. D’EU plangt de Moment e Gesetz fir den digitale Maart ze reguléieren. Apple muss sech op wäitreechend Ännerungen astellen, déi populär Produkter beaflosse sollen.

Dëst Gesetz, och DMA oder Digital Marketing Act genannt, soll d’Kraaft vu Firmen wéi Meta oder Google ënner Kontroll halen a fir méi fair Konkurrenz garantéieren, besonnesch a Bezuch op méi kleng Firmen. Apple huet scho Bedenken ausgedréckt. Well de Grupp missten den Zougang an d’Installatioun vun Drëtt-Partei-Ubidder an hiren Apps garantéieren . D’Sécherheet, déi Apple mat hiren Apparater an hirer Software versprécht, géif manner gi. Den Zougang fir Malware wier méi einfach an de gutt kontrolléierten App Store kéint eventuell eng Saach vun der Vergaangenheet sinn.

Dat neit Gesetz géif d’Benotzer also a Gefor bréngen. Donieft fäert een e Verloscht fir d’Remuneratioun vum intellektuellen Eegentum. E Beräich an deem ëmmer vill investéiert gouf. Intern Applikatiounen, déi virdru net ënner iOS geläscht konnte ginn, solle geschwënn geläscht an ersat kënne ginn.

Et ass och geplangt datt verschidde Messenger Servicer wéi WhatsApp oder Signal matenee kënne kommunizéieren. Bezuelsystemer vun anere Provider sollen och implementéiert ginn. D’Techfirmen gesinn nei Secherheetslücken opkommen. Et wäert awer nach e bëssen daueren ier et fäerdeg a benotzbar gëtt, also bleift ofzewaarden, wéi Google, Apple a Co op déi nei Maartsituatioun an Europa reagéieren wäerten.