Den Bruce Willis beendegt seng Karriär

Den Hollywood Schauspiller Bruce Willis beendegt aus gesondheetleche Grënn seng Karriäre. Seng Famill sot datt bei him Aphasie diagnostizéiert gouf. De 67 Joer ale Mann ass virun allem duerch seng Filmer „Die Hard“ bekannt ginn.

D’Famill vum Hollywood-Action-Star Bruce Willis huet d’Enn vu senger Schauspillerkarriäre ugekënnegt. De 67-Joer-ale gouf mat Aphasie diagnostizéiert, wat seng kognitiv Fäegkeeten beaflosst, sot seng Famill. Aphasie ass eng Sproochstéierung déi aus engem AVC kann entstoen.

De Willis zitt sech aus senger Filmkarriär zréck, „déi him sou vill bedeit huet“, erkläert d’Famill. „Dëst ass eng ganz erausfuerderend Zäit fir eis Famill, a mir schätzen Är Léift, Matgefill an Ënnerstëtzung,“ heescht et an enger Matdeelung un d’Fans.

Ënnerschriwwen gouf d’Matdeelung vum Willis senger Fra Emma Heming Willis, senger Ex-Fra Demi Moore a sengen Kanner Rumer, Scout, Tallulah, Mabel an Evelyn