Bis 2030: Maserati mat enger iwwerraschender Ukënnegung

Den Automobilist huet viru kuerzem seng lescht Pläng präsentéiert.

© Maserati

Den italieneschen Automobilist huet seng Clienten viru kuerzem mat enger rigouréiser Ukënnegung iwwerrascht. Bis 2030 wëll de Grupp just nach Elektroautoe verkafen.

Dat wier also den Enn fir Verbrennungsmotoren bei der Luxusfirma. Am Interessi vun der Politik, hunn si sech decidéiert mat Verbrennungsmotoren esou séier wéi méiglech opzehalen an doduerch d’Ëmwelt an d’Klima schützen. All d’Autoen déi no 2030 vun Maserati hiergestallt ginn, wäerten elektresch sinn.

© Maserati

Dësen neie Plang vun Maserati soll duerch säin éischten elektresche Sportauto mam Numm „GranTurismo Folgore“ agefouert ginn. De Luxusauto kënnt am nächste Joer op de Maart a soll mat 1.200 PS beandrocken. De GranTurismo Folgore gëtt vun dräi Elektromotoren an enger 800-Volt Batterie ugedriwwen.

Zukünfteg Chauffeuren kënnen an manner wéi dräi Sekonnen vun 0 op 100 km/h beschleunegen. Déi maximal Geschwindegkeet ass op 300 km/h geplangt. Kuerz drop gëtt déi elektresch Variant vum Maserati Grecale präsentéiert. Den Auto soll och een och am Joer 2023 ze kafen kréien.