Apple wëll den iPhone als Abonnement ubidden

Et soll een och geschwënn aner Apple Hardware abonnéieren kënnen.

Eng gutt Noriicht fir déi, deen dei exorbitant Präisser net bezuelen well – geschwënn wëll d’Firma hir Produkter an enger Aart Abonnementsmodell ubidden. Sou ginn déi populär iPhones vill méi zougänglech fir d’Allgemengheet gemaach, well déi extrem héich Acquisitiounskäschte kënne gespuert ginn. De Wonsch vu ville Benotzer, ëmmer dee neisten Modell ze hunn, gëtt doduerch méi bëlleg an méi realistesch. Der US Noriichtenagence Bloomberg no soll dëse Verkafsmodell awer net nëmme fir den iPhone gëllen – och aner Apple Hardware wäerten geschwënn mat Abonnementer verfügbar sinn.

Den neie Verkafsystem soll schonn Enn 2022 , spéitstens 2023 ulafen. Laut Insiderkreesser awer nëmmen an ausgewielte Regiounen. An de leschte Joeren huet Apple schonn hir Servicer staark an eng Abonnement-Richtung gestéiert. Si hunn momentan folgend Abonnementer: Apple TV+, Apple Music, d’Gaming-App Apple Arcade an iCloud Storage .

2021 war e ganz erfollegräicht Joer fir Apple. D’Servicerecetten sinn ëm 27% eropgaangen op beandrockend $ 68 Milliarde. D’Abonnementer an déi aner Déngschtleeschtunge stellen elo méi wéi e Fënneftel vum Akommes aus, wat de Grupp dozou bruecht huet sech nach méi an dës Abonnement-Richtung ze orientéieren. An natierlech musst een dëse Verkafsmodell mam iPhone verbannen, deen als lukratiivst Stéck Hardware d’Firma méi wéi $ 207 Milliarde an engem Joer erabruecht huet – an domat d’Hallschent vun hirem Gesamtverkaf am Joer 2020 ausgemaach huet.

Awer besonnesch wann et ëm iPhones geet , schéngen d’Clienten net esou kaf ze sinn wei soss – op d’mannst wann et ëm eng nei Uschafung geet. Den Trend ass datt d’Clienten ëmmer méi laang waarden fir dee neisten Modell ze kafen. Mat dësem Abonnementsmodell wëll Apple elo dofir suergen, datt eng néi Uschafung méi attraktiv gëtt.