Etude: Wann Dir Kanner wëllt, sollt Dir Äre Smartphone manner benotzen

Eng nei Etude aus Südkorea liwwert beonrouegend Resultater.

D’Spermienkonzentratioun bei Männer a westlechen industrialiséierte Länner ass zënter den 70er Joren halbéiert. Vu Joerzéngt bis Joerzéngt gëtt et méi schwéier Kanner um  natierlech Wee ze kréien. Wat manner Spermien am Ejakulat sinn, wat et manner warscheinlech ass datt déi natierlech Befruchtung funktionéiert.

D’Ursaach vun dëser Entwécklung gesinn Fuerscher a verschiddene Faktoren. Dozou gehéiert zum Beispill d’Benotzung vu Chemikalien a Pestiziden an der Landwirtschaft an hormonwirksamen Plastik. Ausserdeem fuerdert d’Gesellschaft ëmmer méi Leeschtung, wat zu Stress am Alldag oder souguer zu Burnout féiere kann. D’Wëssenschaft gesäit eng aner wichteg Ursaach am konstante Gebrauch vu Smartphones an mat deier verbonnen Stralung.

Fuerscher vun der südkoreanescher Universitéit vu Busan hunn sech elo mam Thema beschäftegt an erausfonnt datt et tatsächlech eng Korrelatioun tëscht der Mobilfunknotzung an der verschlechter Spermienqualitéit gëtt. D’Wellen hunn en negativen Effekt op d’Konzentratioun, d’Mobilitéit an d’Viabilitéit vu Spermien. Dofir gëtt recommandéiert, den Smartphone zum Beispill net an der Boxentäsch ze droen.

„Männlech Handy Benotzer solle probéieren hir Notzung ze reduzéieren fir hir Spermienqualitéit ze schützen“, erkläert de Bioinformatiker Yun Hak Kim. D’Wëssenschaftler wëllen an Zukunft weider Studien iwwer dëst Thema maachen.