Orlando’s déidlechen Erliefnespark: Teenager stierft bei Fall aus Fräifalltuerm


De schockéierende Video ass séier viral gaangen.

Erliefnesparken sinn eng Plaz vu Freed an Amusement, awer de leschten Donneschdeg huet d’Rees an den Orlando’s Icon Park fir vill Besicher an een Albdram verwandelt. E 14 Joer ale Jong ass tragesch gestuerwen, hien ass aus dem „Orlando Free-Fall“ gefall – den héchsten Fräifalltuerm am Land. Den Tyre Sampson ass méi wéi 120 Meter gefall, Zeien hunn den Accident opgeholl.

De Video, deen ënner anerem weist, wéi den Teenager liewenslos um Buedem läit, just puer Meter ewech vun der Persoun, déi et gefilmt huet, huet fir Opschwong op de sozialen Netzwierker gesuergt. Dir kënnt d’Leit gesinn, héieren jäizen a gesitt wei d’Attraktioun stoppt. „Jiddereen war opgereegt a huet gejaut“, huet en Zeien dem Fox 35 Fernsee gesot. D’Leit hunn hir Kanner séier vun der traumatescher Zeen ewech geholl, wärend anerer Leit, Begleetpersounen mëndlech ugegraff hunn. „Sidd Dir sécher, Dir hutt dem Jong säi Sécherheetsgurt gepréift?“, kann een am Hannergrond vum Video eng Fra jäizen héieren. „Mir kënnen eis déi Péng net virstellen, déi d’Famill elo duerchmëscht“, sot de lokale Policechef John Mina op enger Pressekonferenz e Freideg. Den Tyre ass net déi éischt Persoun déi am Icon Park stierft.

En Employé am Erliefnespark ass d’lescht Joer tragesch gestuerwen. Am September 2020 ass de Jacob Kaminsky 18 Meter gefall wärend hien un enger Schwéngattraktioun geschafft huet. Den 21 Joer ale Mann ass no hannen op eng ënnerierdesch Plattform gefall an ass no sëllege Reanimatiouns versich am Spidol gestuerwen.

Wärend dem 21 Joer ale Mataarbechter säi Fall zou ass, ass de Fall vum 14 Joer ale Tyre ënner Enquête. Et gëtt ënnersicht, wéi hien trotz engem Sécherheetsgurt beim Fueren vum Fräifalltuerm aus sengem Sëtz rutsche konnt.