Etude: Hai DNA am Honds- a Kazefudder fonnt


Fuerscher aus Singapur hunn 144 Proben ënnersicht.

Fuerscher hunn Hai DNA am Honds- a Kazefudder entdeckt. D’Wëssenschaftler aus Singapur hunn am Ganzen 144 Prouwen aus 45 Déierfudderproduktioun vu 16 verschiddene Marken ënnersicht. Hai DNA gouf an 31 Prozent vun hinnen entdeckt.

Beschriwwen gouf den Inhalt vum Déierefudder awer als „wäiss Fësch“ oder just „Fësch“. „Déi meescht Produkter hunn déi generesch Begrëffer ‚Fësch‘, ‚Fësch aus dem Mier‘, ‚Wäissen „Köder“‚ oder ‚Wäissen Fësch‘ an der Zutatelëscht benotzt fir hiren Inhalt ze beschreiwen. E puer hunn ausdrécklech „Thon“ oder „Saumon“ opgelëscht, anerer hunn kee Fësch als Zutate opgelëscht. Keng vun den Déierefudderprodukter, déi an dëser Aarbecht gesammelt goufen, hunn speziell Hai op der Zutatelëscht opgelëscht, „hunn d’Wëssenschaftler erkläert.

De Blohai gouf am meeschte nogewisen. Hien gëllt zwar nach net offiziell als bedrot, awer als iwwerfëscht. Deen zweet meescht identifizéierten war de Seidenhai. Enk gefollegt vum Weißspitzen-Riffhai. Béid Aarte gi vum IUCN als potenziell vulnerabel agestuuft.

Blohai-Aarten ginn dacks als Beifang ugesinn. D’Fuerscher huelen un, datt d’Déierefudderindustrie och Haikadarver mat veraarbecht. D’Quantitéit vun den Haischespuren am Hausdéierfudder blouf awer onkloer.