„Squid Game“ Saison 2: Serie Createuren verroden nei Detailer


Den Hwang Dong-hyuk huet iwwer seng Pläng fir déi kommend Episode geschwat.

Südkoreanesch Serie Squid Game gouf d’lescht Joer en Iwweraschungshit op Netflix. D’Fans ware sou begeeschtert, datt e weltwäiten Hype ausgebrach ass. Et gouf séier kloer datt et eng zweet Saison misst ginn.

Dat gouf elo vum Streamingdéngscht confirméiert. Vill Detailer iwwer d’Fortsetzung sinn nach net bekannt. Den Serie Creator Hwang Dong-hyuk ass viru kuerzem bei de PGA Awards opgetaucht an huet initial Pläng fir déi kommend Episode opgedeckt: „Et wäerten nach méi flott Spiller ginn, dat ass alles wat ech soen kann. Ech brainstormen nach ëmmer a sammelen Iddien fir d’Saison 2. Ech hunn nach net emol ugefaange ze schreiwen.

D’Zuschauer spekuléiere schonn iwwer d’Besetzung vun der zweeter Saison. D’Fans hoffen hire Lieblingsstär erëm ze gesinn. Dat stellt sech awer als schwéier eraus. Op d’Fro ob d’Personnagen zréckkommen, sot de Regisseur: „Nee, well déi meescht sinn dout. Ech probéieren eppes, dass ech se fir d’zweet Saison zréckbréngen kann.“

D’Actrice Hoyeon genéisst besonnesch Popularitéit no hirem Optrëtt an der Serie. „Vläicht huet si eng Zwillingsschwëster,“ huet den Hwang Dong-hyuk an de Raum geheit. Deen eenzegen, dee sécher zréck kënnt ass de Haaptacteur Lee Jung-jae als Gi-hun: „Ma, et war sou vill Drock, sou vill Nofro, a sou vill Léift fir eng zweet Saison do, datt ech bal Gefill hät, dass dir mer keen Choix loosst. Ech verspriechen Iech, de Gi-hun wäert zréckkommen an eppes fir d’Welt maachen.