„Geescht Phenomeen“: Wëssenschaftler stinn kuerz virun der Léisung vum Rätsel


Fuerscher wëllen mysteriéis Himmelskreesser dekodéiert hunn.

D’Wëssenschaftler wëllen endlech d’Rätsel vun den „geeschterlechen Himmelskreesser“ geléist hunn. Déi komesch Formatioune goufen am Joer 2019 mam CSIRO sengem ASKAP-Radioteleskop a West-Australien entdeckt.

Speziell sinn dës liicht transparent Réng am Weltraum. Si schwiewen um Himmel a bis elo konnt keen erkläre wat se do maachen. Dofir goufen se deemools „odd radio circles“ genannt. Nei Daten vum südafrikanesche MeerKAT-Teleskop kéinten elo Bedeitung vun de Formatiounen ginn.

Laut de Wëssenschaftler befannen sech d’Kreesser “ am Zentrum enger Galaxis, déi ze schwaach ass, em se méi fréi entdecken ze kënnen.“ Mat héijer Warscheinlechkeet handelt et sech em „enorm Explosiounen vu gliddegem Gas mat engem Duerchmiesser vun ongeféier enger Millioun Liichtjoer, déi vun der zentraler Galaxy ausgeet.

„Mir gesinn dës zentral Galaxien och an aneren ORCs, all op grouss Distanzen vun der Äerd. Mir mengen elo, datt dës Réng wäit Galaxien op enger Distanz vu ronn enger Milliard Liichtjoer ëmginn, dat heescht, datt d’Réng enorm grouss sinn – ongeféier eng Millioun Liichtjoer Duerchmiesser“, erkläert den Astrophysiker Ray Norris.

Réng kéinten eng Aart Schuel sinn: „Modeléierung vun der schwaach bewölktem Radiosemissioun, déi de MeerKAT innerhalb de Réng erkennt, suggeréiert datt d’Réng d’Ränner vun enger keelefërmeger Schuel sinn, déi d’Galaxis ëmgitt, wéi en Drockwell vun enger riseger Explosioun an der Galaxis.“ „