Éischt EU-Land wëll fir zukünfteg Generatiounen d’Fëmmen verbidden

D’Regierung hëlt drastesch Mesuren.


Datt d’Politiker géint Fëmmen virgoen wëllen ass näischt Neies. A verschiddene Länner gëtt et scho vill Verbueter, déi d’Liewe méi schwéier fir Tubaksnotzer maachen.

Elo huet dat éischt EU-Land decidéiert fir zukünfteg Generatiounen Fëmmen komplett ze verbidden. Dänemark wëll all Bierger, déi no 2010 gebuer sinn, den Kaf vun Zigaretten an Nikotinprodukter verbidden. Dëse Schrëtt soll verhënneren datt zukünfteg Generatiounen Zougang zu Tubaksprodukter hunn.

„Mir hoffen, datt all Mënschen, déi 2010 a spéider gebuer sinn, ni ufänken ze fëmmen oder Produkter ze benotzen, déi Nikotin enthalen“, sot den dänesche Gesondheetsminister Magnus Heunicke. An Dänemark ass den Tubakverbrauch d’Haaptursaach vu Kriibs, deen all Joer ongeféier 13.600 Leit ëmbréngt.

Beer bottle and cigarette on black background. Alcohol and nicotine addiction

Eng Ëmfro huet gewisen, datt ganz 64 Prozent vun de Participanten de Plang vun der Regierung ënnerstëtzen. An Dänemark gëtt net nëmme géint Fëmmen gehandelt. D’Regierung setzt sech och dofir an, datt déi Jonk an Zukunft manner Alkohol drénken. Dofir soll d’Alterslimitt fir Gedrénks mat engem Alkoholgehalt vu manner wéi 16,5 Prozent vu 16 op 18 Joer eropgesat ginn.